Reglement fir d’Benotzen vun eisem Studio
De Conseil d’Administration huet d’Reglement fir d’Benotzen vun eisem Studio iwwerschaft :
REGLEMENT PCS – STUDIO
- All Member vum Club huet d’Recht fir eise Studio gratis ze benotzen.
- Fir eng Iwwersiicht ze behalen, musst der äech bei engem Member vum CA umellen. De Schlëssel kënnt der kréien entweder beim Norbert Carl, 1, Blummestrooss, L-3830 Schëffleng oder beim Mich Pierson, 1, Alzinger-Strooss, L-3397 Réiser.
- De Studio däerf net gebraucht gi fir Photoen ze maachen, wou de Photograph dofir bezuelt gëtt.
- De Studio soll genee, wa méiglech, esou verlooss ginn, wéi e virdru war: gebotzt an opgeraumt.
- Wann eppes fält, brécht, egal wat och ëmmer geschitt, sollt der et direkt bei engem Member vum CA mellen.
- Wann der mat ärem Photo-Shooting fäerdeg sidd, gitt der de Schlëssel esou séier wéi méiglech zréck.