Nächst Aktivitéit :  Portraits – Harcourt Style den 31te Januar 2018 um 19:00 Auer

Studio Besetzung

REGLEMENT PCS – STUDIO

  1. All Member vum Club huet d’Recht fir eise Studio gratis ze benotzen.
  2. Fir eng Iwwersiicht ze behalen, musst der äech bei engem Member vum CA umellen. De Schlëssel kënnt der kréien entweder beim Norbert Carl, 1, Blummestrooss, L-3830 Schëffleng oder beim Mich Pierson, 1, Alzinger-Strooss,
    L-3397 Réiser.
  3. De Studio däerf net gebraucht gi fir Photoen ze maachen, wou de Photograph dofir bezuelt gëtt.
  4. De Studio muss genee esou verlooss ginn, wéi e virdru war: gebotzt an opgeraumt.
  5. Wann eppes fält, brécht, egal wat och ëmmer geschitt, sollt der et direkt bei engem Member vum CA mellen.
  6. Wann de Pabeier vum Hannergrond gewiesselt gëtt muss onbedéngt den Aluminiumrouer erëm an de Rouleau vum Pabeier kommen. Soss riskéiert de Pabeier sech duerch säi Gewiicht duerch ze béien.
  7. Wann der mat ärem Photo-Shooting fäerdeg sidd, gitt der de Schlëssel esou séier wéi méiglech zréck.
  8. Wéinst dem Alarm muss de Studio onbedéngt owes virun 22:00 Auer verlooss ginn.
  9. Beim Benotzen vum Studio däerf de Schoulbetrib a kengem Fall gestéiert ginn! Dat heescht: während der Schoulzäit däerf keen Auto am Haff parken a keen duerch d’Gebai oder den Haff lafen.
  10. De Member deen de Studio benotzt iwwerhëlt eleng déi voll Responsabilitéit vun allem wat am Studio (an an der School) während sengem Shooting geschitt.
  11. De Conseil d’Administration huet d’Recht fir engem Member deen dëst Reglement net respektéiert huet déi weider Benotzung vum Studio ze verbidden.

De Conseil d’Administration
Juni 2017

 

 

 

Loading… Loading…