Studio – Reglement
- All Member vum Club huet d’Recht fir eise Studio gratis ze benotzen.
- Als “Studio” bezeechne mer all Raimlechkeeten, déi dem PCS zur Verfügung stinn. Dat heescht de klengen Hall an der Entrée, den Haaptraum, de Vestiaire, sou wéi déi zwéin Ofstellräim.
- De Studio däerf net gebraucht gi fir kommerziell Zwecker.
- De Studio muss iwwert dëse Site reservéiert ginn.
- Reservatioune gi fir bis maximal 2 Méint am Viraus ugeholl.
- A verschidde berechtegten Ausnahmefäll (wichteg Aarbechten am Studio, “Iwwerreservatioun” oder Verstéiss géint dëst Reglement) huet de Comité d’Recht eng Reservatioun ze refuséieren oder ze annuléieren
- De Schlëssel kann ofgeholl ginn entweder beim Norbert Carl, 1, Blummestrooss, L-3830 Schëffleng, beim Mich Pierson, 1, Alzinger-Strooss, L-3397 Réiser, beim Marc Backes, 2, Schléiwestroos zu Diddeleng oder beim Gilles Wagner, 4a, rue Emil Mayrisch zu Zolver.
- Beim Benotze vum Studio däerf de Schoulbetrib a kengem Fall gestéiert ginn!
Dat heescht: während der Schoulzäit däerf keen Auto am Haff parken a keen duerch d’Gebai oder den Haff lafen. - Wéinst dem Alarm muss de Studio onbedéngt owes virun 22:00 Auer verlooss ginn.
- No engem Shooting ass de Schlëssel esou séier wéi méiglech zréckzebréngen.
- Dat Material, wat de PCS ze Verfügung stellt (Blëtzer, Ausléiser, Reflekteren, Dauerluuchten, Stativer, Hannergrënn, Accessoiren oder anert Material) muss no der Benotzung op déi virgesinne Plazen zeréckgeraumt ginn.
- Wa spezifesch Instruktioune fir d’Benotze vun engem bestëmmte Material do sinn, da mussen déi respektéiert ginn.
- De Studio muss opgeraumt sinn zu all Moment wou keen e benotzt!
- Opriichten, respektiv Preparatioune kënnen nëmmen direkt virun engem Shooting gemaach ginn, a net een oder méi Deeg am Viraus.
- All Fotograf oder Modell kann eegen Accessoiren matbréngen, mä déi mussen erëm nom Shooting ewechgeholl ginn.
Privat Saachen, déi am Studio “trëllen” gi vum Comité entsuergt. - De Studio ass onbedéngt propper ze halen!
- Speziell Dreckskëschte fir d’Offalltrennung, Kierbiischten, ee Stëbssuckler an anert Botzgeschier stinn ze Verfügung.
- Kaffistasen oder Glieser musse gespullt an erëm an de Schaf zréckgeraumt ginn.
- Benotzte Kaffipads, eidel Gedrénksdousen an aneren Offall kommen an eng vun den Dreckskëschten.
- Eidel Béierfläschen kommen an hire Casier.
- De Lavabo an de Schminkdësch musse propper gemaach ginn, nodeems se benotzt gi sinn
- Sollt ee während engem Shooting feststellen, datt iergend eppes am Studio net an der Rei ass (Material fehlt oder ass futti gaangen, Studio war net opgeraumt an / oder knaschteg, oder däers Gläichen) da muss de Comité direkt Bescheed gesot kréien. Wa méiglech mat Foto als Beweis.
- Dee Member, deen de Studio benotzt, iwwerhëlt eleng déi voll Responsabilitéit vun allem, wat am Studio (an an der School) während sengem Shooting geschitt.
- De Conseil d’Administration huet d’Recht fir engem Member, deen dëst Reglement net respektéiert huet, déi weider Benotzung vum Studio ze verbidden.
De Conseil d’Administration – Februar 2018
Hei kann dëst Reglement erofgeluede ginn
Studio Besetzung
Loading…